Virwuert
D'Lëtzebuerger Regierung huet bis de 7. Juni 2021 Zäit, fir d'"Digital Single Market" Direktiv (2019/790), wou et ëm Copyright/Auteursrechter geet, an e nationaalt Gesetz ëmzesetzen. Dës Gesetzgebung wäert d'Reegelen nei gestalten, déi d'Benotzererfarung vun haut massiv beaflossen.
Mir vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg (C3L), sinn eng Organisatioun, déi sech fir Kommunikatiouns- an Informatiounsfräiheet asetzt, sech der Bildung am Beräich vun den neien Technologien an dem Dateschutz verflicht huet. Sou fërdere mir ee kreativen awer och kriteschen Ëmgang mat der Technologie. Als Organisatioun, déi "Digital Natives" representéieren, un d'Fräiheet fir ze erschafen an un d'Fräiheet vum Ausdrock gleewen, gesi mir dës national Reform als eng Chance fir biergerlech Fräiheeten a Biergerrechter am Gesetz ze verankeren.
Mir stellen eis eng Welt vir, an där d'Bierger online geschützt sinn, fräi si sech selwer ze bilden, e Geschäft ze féieren an um demokratesche Prozess deelzehuelen. Déi rezent aussergewéinlech Situatioun huet gewise wéi wichteg et ass, datt eis Gesellschaft Zougang zu enger robuster Kommunikatiounsinfrastruktur huet. Awer et huet och gewisen, datt vill Aktivitéiten a Sécherheetsmoossnamen, déi am reelle Liewe perfekt normal sinn, net am Aklang mam Gesetz an der elektronescher Welt sinn.
Als Chaos Computer Club Lëtzebuerg beschäftege mir eis mat der Interaktioun zwëschen Technologie a Kultur an doduerch gesi mir eis an der Lag, an och an der Flicht, d'Auswierkunge vun dëser neier Copyright/Auteursrecht Direktiv op déi aktuell Kultur an Technologie ze thematiséieren. An dësem Positiounspabeier gi mir ob déi verschidde positiv & negativ Konsequenze vun dëser Direktiv an a mir proposéiere verschidde Fuerderungen, fir datt de lëtzebuergesche Legislateur, dës Direktiv beschtméiglech ëmsetzt.
Fuerderungen op dëser Websäit sinn nëmmen ee klengen an zesummegefaassten Deel vun eisem Positiounspabeier.